General Versammlung 2013

  • Alain Bach
  • News

Léif Kolleginnen, Léif Kollegen,

Heimat invitéiere mir Iech op eis Generalversammlung en Donnechdeg, den 7. Mäerz 2013 um 17 Auer 30 an der Post Kantin op der Cloch d’Or, 2, rue Emile Bian, Luxembourg.

Programm:

  1. Begréissung
  2. Aktivitéitsbericht vun der ATPT
  3. Aktuelle Stand vun den Techniker
  4. Aktivitéitsbericht iwert den Syndicat des P&T
  5. Caissëbericht
  6. Décharge vum Caissier
  7. Fräi Discussioun

Fir eis matzedeelen op dier un der Generalversammlung deelhuelt, kënnt dier Iech online umellen an deems dier elei klickt -> UMELLEN , oder de bäileienden Formular ausfëllen a mat der preparéierter Enveloppe un d'ATPT zeréckschécken.

Kennt dier net un der Generalversammlung deel huelen, dann biede mier Iech eng Procuratioun auszefellen an enger aanerer Kollegin oder Kolleg matzeginn.

Et sin dest Joer och nach e puer Plaazen als Comité’s Member fräi. Hut dier loscht mat zemachen, dan fëllt dat bäileiend Formular aus a schéckt mier et mat der fiergedrécktener Enveloppe zeréck oder fëllt den Online Formulaire aus wann dier Iech ob eiser Internetsäit umellt. Elo schons villmolls Merci.

De Comité vun der A.T.P.T.

MIR ZIELEN OP DENG PRÄSENZ.

ASSOCIATION DES
TECHNICIENS DE l'EPT

Contact

+352 2424 7313
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Bureau

1er étage
12, rue d'Epernay
L-1490 Luxembourg

Adresse postale

B.P. 2484
L-1024 Luxembourg